Den After-Work vum 22. Mee 2026 zu Äischen um Denn, organiséiert vun eiser Sektioun CSV Gemeng Habscht, war eng flott Geleeënheet fir politeschen Austausch a gesellegt Zesummesinn.
Mat ronn 70 Memberen a Sympathisanten war d’Participatioun ganz encouragéierend a weist den Intressi un engem oppenen Dialog an enger engagéierter lokaler Politik.
E besonnesche Merci geet un eisen Invité vum Owend, den Alex Donnersbach, fir seng wäertvoll Ablécker an dee konstruktiven Austausch iwwer aktuell Themen.
Esou Momenter vun direktem Dialog stäerken net nëmmen de gesellschaftleche Zesummenhalt, mee och d’Verbindung tëscht de Biergerinnen a Bierger an der lokaler politescher Aarbecht.
D’CSV Sektioun Gemeng Habscht wäert och an Zukunft weider op Nolauschteren, Austausch an nohaltegt Engagement an eiser Gemeng setzen.
Merci un all déi dobäi waren.
An hei dann nach e puer Impressioune vun dësem flotten Owend.




Merci villmools un eis Equipe, déi mat vill Engagement dësen Event méiglech gemaach huet.