Skip to content

Ausseruerdentlechen Nationalkongress

Ausseruerdentlechen Nationalkongress vun der CSV de 15. November 2023 am Konvikt.

Als CSV Sektioun Gemeng Habscht ware mir  mat 13 Delegéiert excellent vertrueden. Eisen neie Premier de Luc Frieden huet eis deen Owend de  Koalitiounsaccord virgestallt, dee vun den CSV-Delegéiert eestëmmeg ugeholl ginn ass. Duerno goufen déi 8 CSV Ministeren souwéi deen neie Fraktiounspresident an der Persoun vum Marc Spautz presentéiert.

Ausserdeem huet hien eis informéiert, dass d´CSV de Claude Wiseler als neie Chamberpresident, souwéi eise Generalsekretär de  Christophe Hansen fir de Poste vum EU Kommissär virschléit.

Weiderhi goufen déi Gewielten déi fir d’CSV an d’ Chamber noréckele virgestallt.

Den Owend ass ausgeklong bei engem gemittleche Patt zesumme mat eise Ministeren an Deputéierten.

Beitrag deelen