Skip to content

ÉISCHTEN AFTERWORK VUN DER CSV SEKTIOUN GEMENG HABSCHT AM JOER 2025

Den Owend vum 24. Januar hate sech eng ronn 30 Memberen a Frënn vun der CSV Sektioun Gemeng Habscht fir hiren éischten Afterwork 2025 am Centre Jean Wolff zu Äischen zesummefonnt.

Hei konnte mir och eis Kolleege vun der Escher CSV Sektioun mat un der Spëtzt hirem sympathesche Buergermeeschter a Partei-Vizepresident Christian Weis begréissen.

Merci un Iech all fir är Präsenz, an hei dann nach e puer Andréck vun dësem flotten Owend an eiser Sektioun.

Beitrag deelen