Skip to content

Generalversammlung vun der CSV Sektioun Gemeng Habscht

Op eiser Generalversammlung vum 12. Mäerz konnte mir ronn 50 vun eise Membere begréissen.

Och eng Rei Vertrieder aus den Nopesch Sektiounen, dorënner de Bezierkspresident Guy Breden haten dësen Owend de Wee bei eis an de Centre Polyvalent op Habscht fonnt.

No deene verschiddene Rapporte goufen dunn eng Rei laangjäreg Membere geéiert.

Uschléissend hunn de Bezierkspresident Guy Breden an eise Buergermeeschter Serge Hoffmann e puer Wierder un d’Generalversammlung geriecht.

Besonnesch houfreg ware mir awer op eis Gaaschtriednerin Martine Deprez, Ministesch fir Gesondheet a Sozial Sécherheet.

No deem interessante Virtrag vun eiser Ministesch gouf bei engem gudde Pättchen an engem klenge Maufel nach e puer Stonne gemittlech zesumme gepotert.

Nach eng Kéier ee grousse Merci fir är Präsenz op dësem flotten Owend vun der CSV Sektioun Gemeng Habscht.

Beitrag deelen