05. Abrëll 2025
Bei bloem Himmel, vill Sonn an no engem gudde Pättchen op enger Terrass an der
Alstad hu mir eis dëse Nomëtteg mat eiser Deputéiert a Generalsekretärin
Françoise Kemp virun der Chamber getraff.
D´Françoise huet eis dunn duerch déi verschidde Raimlechkeete vun der Chamber
gefouert an eis déi jeeweileg Explikatiounen dozou ginn.
Hei krute mir och een Abléck an d’Aarbecht vun eisen Deputéiert an der Chamber,
sowéi an deene verschiddene Kommissiounen.
No zwou Stonne ware mir um Enn vun eiser Visitt ukomm.
Mir soen dem Françoise Merci fir dësen Informatiounsräichen Nomëtteg.
Hei elo e puer Biller vun eiser Visitt:




